top of page
Jessie Lang Photography Luxembourg

IWWERT MECH

Ech sinn d'Jessie Lang, fräiberufflech Architektur-Fotografin vun Lëtzebuerg.

2022 hunn ech meng Firma Jessie Lang Photography gegrënnt an säitdeem un diversen nationalen wéi och internationalen Foto-Projets geschafft.

Virun menger fräiberufflecher Tätegkeet, hunn ech 2021 mäin Fotografie-Studium un der Fotoakademie-Koeln an Däitschland erfollegräich absolvéiert.

Virdrun hunn ech 2018 ier ech vir mäin Studium op Köln geplënnert sinn, meng Première an mengem Heemechtsland Lëtzebuerg op der Section Arts Plastiques mat Schwéierpunkt op Fotografie ofgeschloss.

SCHOULBILDUNG

2018-2021

Fotoakademie-Koeln

2015-2018

Lycée Aline Mayrisch

2011-2015

Lycée Aline Mayrisch

Op der Fotoakademie-Koeln hunn ech wärend 5 Semester Fotografie studéiert an mäin Diplom bei menger Ofschlossprüfung mat enger Nott vun 1,0 erfollegräich kritt. 

Meng Première (Diplôme de fin d'études) hunn ech am Lycée Aline Mayrisch Luxembourg op der Section Arts Plastiques mat Schwéierpunkt op Fotografie 2018 ofgeschloss. 

Meng éischt Joer am Lycée hunn ech och am Lycée Aline Mayrisch Luxembourg vun 2011-2015 gemaach.

WEIDER REFERENZEN

Säit 2022

Jan Wischermann Imaging

Säit 2021

MOJA / Absolute Blue

Säit 2022 schaffen ech reegelméisseg als fräiberufflech Retouch-Artistin am Team vum Jan Wischermann, High-End Retoucher aus Düsseldorf.

Säit 2021 schaffen ech reegelméisseg als fräiberufflech Head of Lighting Foto-Assistentin vir den Fotograf MOJA an seng Firma Absolute Blue zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Jessie Lang Photography

MENG FOTOGRAFIE

D'Léift zum Detail ass mir an menger Aarbecht immens wichteg. Nieft mengem techneschen Wëssen ass mir och déi kreativ Visioun bei der Ëmsetzung vun mengen Projets ganz wichteg. Zesummen mat dem Ëmgang vun Kamera, diversen Objektiver an weideren techneschen Aspekter, wéi Blëtzluuchten an Drohnen, integréieren ech och d'Nuancen vun Luucht, Faarwen an Kompositioun, wéi och d'Nobeaarbechtung vun den leschten entscheedenden Detailer an mengen Biller. Dëst erméiglecht et mir, souwuel en ästhetescht wéi och en bedeitungsvollt an individuellt Bild ze kreéieren.

Jessie Lang Photography Postproduction Bildbearbeitung

BILDBEAARBECHTUNG

Och d'Bildbeaarbechtung ass en essentielen Schrëtt an menger Aarbechtsweis. Duerch eng professionell Maskéierungstechnik hunn ech déi voll Kontroll iwwert all d'Elementer am Bild an kann ganz bewosst d'Faarwen an d'Luuchten upassen an perfektionéieren.

Och erméiglecht mir déi uschléissend Postproduktioun all final Biller an engem eenheetlechen Look ze beaarbechten vir doraus eng koherent Serie ze erstellen an d'Gesamtbauwierk optimal an Szene ze setzen an ze präsentéieren.

_LP_0405_v01_BW_web.jpg

DROHNENFOTOGRAFIE

Entdeckt eng nei Dimensioun an der Architekturfotografie mam Asaz vun Foto-Drohnen. Dës Aart vun Fotografie erméiglecht eenzegaarteg Perspektiven a fänkt d'Schéinheet vun Äre Bauwierker aus onerwaarten Bléckwénkel an. Duerch déi präzise Steierung an meng Zertifizéierung als A1/A2/A3 Drohnen-Pilotin kann ech Är Projeten aus der Héischt fotograféieren an soumat d'Gréisst an d'Ëmgéigend genau duerstellen. Ausserdem bitt d'Drohnenfotografie en prakteschen Notzen vir Baufortschrëtter ze iwwerwaachen an iwwert en längeren Zäitraum ze dokumentéieren.

AUSSTELLUNGEN & WEIDER HIGHLIGHTS (AUSWAHL)

2023

Eenzel-Fräiloftausstellung: "Trust The Process", Park Backes, Sanem

Offiziell Fotografin vir Mastercard um 76ten Festival de Cannes

Ausstellung: Valentiny Foundation, Remerschen (ARC)

2022

Invitée vir en Interview am Radio 100,7 - Ausgabe "Sot emol"

Member am Comité vum ARC Kënschtlerkrees

Foto-Concours: Salon National, Diplôme de Patrimoine Luxembourgeois

Ausstellung: Galerie Netzwerk Trier, Däitschland (ARC)

Invitée bei der Table Ronde "Trau dech", Gemeng Suessem

Offiziell Fotografin vir Mastercard op dem 75ten Festival de Cannes

2021

2020

Ausstellung: Galerie Ruth, Casino 2000 (ARC)

Member am Comité vum Photoclub Gemeng Suessem (PCGS)

Foto-Concours: Salon National, mention honorifique

Member vum Kënschtlerveräin ARC Kënschtlerkrees

bottom of page