top of page
Word Mark_Jessie_Photo_2022_BLK_F.png
Search
Writer: Jessie Lang
Jessie Lang
May 26, 2025

Déi 78. Éditioun vum berüümte Festival de Cannes geet zu Ënn! Ech freeë mech, dass ech och déi 4. Kéier erëm als eng vun de Fotografen/innen vir Mastercard derbäi hunn dierfe sinn! E groussen Merci un dat ganzt Team a besonnesch un MOJA vir alles! D'Panels déi ronderëm d'Location ze gesi sinn weisen déi final Fotoe vum Women & Cinema Shooting Projet 2025 vum Fotograf MOJA. Colorgraded vum Jan Wischermann a retuschéiert vum Jan Wischermann (a mir😜)

Merci un dat bescht Team vir déi erëm onvergiesslech Zäit! Hei e klenge Réckbléck op 2 immens intensiv, mee flott Wochen!😁🥰☀️



Wow! Ech hunn dierfe vir déi éischte Kéier als Foto-Künstlerin bei der grousser FuelBox-Ausstellung mat derbäi sinn🤩 De Vernissage haut den 18.10.2024 war e vollen Erfolleg an d'Ausstellung bleift weiderhin nach bis den 03.11.2024 op🥰 Merci u jiddereen, dee mech haut schonns a mengem éischten eegene FuelBox-Raum besiche komm ass🫶🏼 Et gouf flott Gespréicher, léiwe Feedback a souguer en neit Doheem vir e puer Prints😍🤩🏡 


  • FuelBox IX 2025

Writer: Jessie Lang
Jessie Lang
Oct 17, 2024

Eise Kënschtlerkrees ARC feiert Gebuertsdag!🎂🎈Zum 65. Jubiläum stellen ech zesumme mat weideren ARC-Memberen de 17.10.2024 am H2O zu Déifferdeng aus🤩 Well d'Thema passend zu der Galerie "am Flow" ass, hunn ech eng nei Serie fotograféiert, welch 3 méi surrealistesch opgebaute Still Lifes weist. Wéi hunn ech dës wuel fotograféiert? Kommt laanscht wärend der Ausstellung an ech verroden den Trick😉📸


Kuckenswäert: ⬇️ RTL huet eis och besicht an eng schéi Reportage ëmgesat🥰



bottom of page