top of page
Case Study Jessie Lang Photography

CASE STUDIES

All Projet ass eenzegaarteg an muss präzis geplangt an ëmgesat ginn, vir iwwerzeegen ze kënnen. Bei menger Aarbecht ass et mir dowéinst immens wichteg ëmmer Projet-bezunn ze denken an ze fotograféieren. Vir Iech meng Aarbechtsweis e bëssi méi no ze bréngen, hunn ech folgend ënnerschiddlech Case Studies erstallt, déi verschidden Projets méi genau erklären an meng Virgoensweis an verschiddenen Etappen weist. Wann dir op en Projet klickt, geet déi komplett Case Study op an d'Analyse zu dësem Projet gëtt méi am Detail vun mir erkläert.

An dëser Case Study ginn ech méi am Detail op d'Thema "Speziell Challenge" an.

Heiansdo mussen Fotoen an enger méi schwiereger Ëmgéigend gemaach ginn. Den Problem kann z.B. en ganz enken Raum sinn, oder wéi an dem hei beschriwwenen Beispill eng naturgetrei Opnam vun uewen erof vum Fundament vir spéider Zwecker an engem donkelen Raum. Dës Opnam erfuerdert soumat speziellt Fotosmaterial wei och technesch Fäegkeeten an der Bildbeaarbechtung.

An dëser Case Study ginn ech méi am Detail op d'Thema "Projet Begleedung" an.

Ären Bauprojet soll vun Ufank bis Schluss dokumentéiert ginn, vir verschidden Bauphasen festzehalen an dëss spéider vergläichen an präsentéieren ze kënnen? Oft ass genau dat extrem wichteg an sollt sou festgehalen ginn, dass d'Fotoen zu der jeeweileger Phase passen an spéider verglach kënnen ginn.

An dëser Case Study ginn ech méi am Detail op d'Thema "Retouche" an.

Oft huet een keen Afloss op d'Ëmgéigend ronderëm en Gebai. Sou ass et ëmsou méi wichteg nom Fotograféieren eng héichwäerteg Retouche ze maachen, sou dass keng stéierend Klengegkeeten vum Haaptgebai oflenken, d'Foto awer trotz Retouche realistesch an natierlech bleift.

An dëser Case Study ginn ech mei am Détail op d'Thema "Look Upassung" an.

All Gebai huet säin eegenen Charakter, seng eegen Geschicht an Iddi. Vir dëst optimal weisen ze kënnen muss en passenden Look kreéiert an agesat ginn. Soll en Gebai reduzéiert an modern wierken, traditionell oder souguer ganz anescht an éischter kënschtlerech?

An dëser Case Study ginn ech méi am Detail op d'Thema "Serien-Zesummenhalt" an.

Ginn méi Fotoen vun engem Gebai erstallt, sollten dëss optesch an thematesch zesummen passen, dass den Betruechter direkt erkennt, dass et sech em en vollstännegen an zesummen gehéierenden Projet handelt. Heibäi sollt een net nëmmen op d'Luucht an d'Motiv oppassen, mee och op déi nodréiglech Beaarbechtung.

An dëser Case Study ginn ech méi am Detail op d'Thema "Photoshop-Technik" an.

Duerch meng zousätzlech Projets als Retouch-Artistin schaffen ech mat speziellen Techniken an Tools, vir déi voll Kontroll iwwert all Elementer an mengen Biller ze hunn. Sou kann ech z.B. duerch eng präzis Maskéierungstechnik all Elementer individuell beaarbechten oder duerch zousätzlech Tools nach méi natierlech Resultater ëmsetzen.

bottom of page