top of page
Word Mark_Jessie_Photo_2022_BLK_F.png

CASE STUDY: PHOTOSHOP TECHNIK

An dëser Case Study ginn ech méi no op en Praxis-Beispill zum Thema "Photoshop-Technik" an.

 

Un enger Foto missen nodréiglech eigentlech ëmmer nach e puer Saachen verbessert ginn, déi sur place vläicht opgrond vun Zäit-, Plazmangel oder aneren Ëmstänn net direkt ëmsetzbar waren. Vir déi absolut Kontroll an der Nobeaarbechtung bei mengen Biller ze hunn, schaffen ech reegelméisseg mat enger ganz präziser Maskéierungstechnik. Dofir erstellen ech vir all wichtegt Element am Bild en individuellen Pfad an kreéieren doraus eng Mask, déi sech dann op d'Grupp bezitt, an deier all d'Verännerungen vun deem Element gemaach ginn. Bei dësem Beispill hunn ech d'Bild an verschidden Elementer/ Gruppen agedeelt an maskéiert. Hei als Beispill den Canapé, d'Luucht, den Dësch vir, d'Fënster, d'Fënsteren vun der Kichen, déi brong Wänn, d'Regal an och nach déi restlech Ëmgéigend. Dobäi passen ech ëmmer dorop op, dass keen Maskenfeeler entsteet, dass sech also keng zwou Masken vun ënnerschiddlechen Elementer iwwerschneiden. Vir hei keng Feeler ze maachen, zéien ech bei enger neier Mask ëmmer den iwwerlappenden Deel of, sou ginn Iwwerschneidungen verhënnert.

Och wann dëss Viraarbecht vill Zäit an Asproch hellt; hunn ech elo emol all d'Elementer maskéiert an d'Datei richteg virbereet, kann ech ganz gezielt an mat voller Kontroll un verschiddenen Deeler vum Bild schaffen an dëss individuell upassen, ouni dobäi Feeler un den Kanten anzebauen.

Sou kann ech elo beispillsweis ganz einfach mat enger Kurv, déi nëmmen an der Grupp vun der Ëmgéigend "BG" leit, dëss maskéiert Ëmgéigend e bëssi méi hell zéien oder beispillsweis den Canapé mat enger eenzeger Ebene blo afierwen.

Mat dëser Method hunn ech déi voll Kontroll iwwert mäin Bild an kann mat den individuellen Masken schnell an präzis schaffen. Och kann ech mat weideren Astellebenen nëmmen een Deel innerhalb vun enger Grupp maskéieren, ouni iwwert d'Kanten ze kommen an soumat en Effekt och nëmmen partiell anmaskéieren.

Vir dëss Method nach e bëssi méi däitlech duerzestellen hei en Beispill vun enger méi staarker (fiktiver) Verännerung:

Nieft dëser präziser Maskéierungstechnik schaffen ech och mat verschiddenen Infinite Plug-In Tools, Effekter an weider Aktiounen vir präzis an héichwäerteg Resultater ze erzielen. Säit Ënn 2022 schaffen ech nieft mengen Fotografie-Jobs och als fräiberufflech Retouch-Assistentin vir den däitschen High-End Retoucher Jan Wischermann, wou ech immens vill iwwert d'Maskéierungstechnik an weider Detailer an der Bildbeaarbechtung geléiert hunn an säitdem och an mengen eegenen Biller benotzen an ëmsetzen. Eng natierlech an präzis Nobeaarbechtung ass mir bei menger Aarbecht immens wichteg an gëtt dowéinst och ëmmer vun mir selwer ëmgesat.

Dir hutt eng Fro zu dëser Case Study oder hutt en änlechen Projet an sicht nach no engem passenden Fotograf? Mellt Iech gären mat Froen, Iddien oder Projets bei mir, ech freeën mech ären Projet fotografesch ze begleeden!

bottom of page