top of page
Word Mark_Jessie_Photo_2022_BLK_F.png

CASE STUDY: SERIEN-ZUSAMMENHALT

An dëser Case Study ginn ech méi no op en Praxis-Beispill zum Thema "Serien-Zesummenhalt" an.

 

Oft muss net nëmmen eng Foto gemaach ginn, mee eng ganz Serie un Biller, vir en Gebai vollstänneg präsentéieren ze kënnen. Bei esou enger Serie ass et besonnesch wichteg, dass d'Biller all zesummepassen an en schéint Gesamtbild ofginn. Wann ech un enger Serie schaffen, versichen ech ëmmer all d'Biller an engem änlechen Stil ze fotograféieren an nodréiglech och an den selwechten Faarftéin an Looks ze beaarbechten. Um Enn vun all Produktioun iwwerpréiwen ech dann nach eng Kéier all d'Biller an kucken, ob dëss gutt zesummepassen, also änlech an der Beliichtung, Sättegung an Faarwegkeet sinn.

Bei dësem Optrag war d'Ziel, en Vakanzenhaus vun bannen an baussen ze fotograféieren, vir d'Biller méi spéit op der Website vum Vakanzenhaus ze weisen. Well d'Haus extrem grouss an extrem roueg an der Mëtt vun grénger Natur läit war et hei wichteg, d'Raim an och den Bausseberäich grouss an roueg op den Fotoen anzefänken an soumat och den natierlechen Charakter vum Haus ze ënnersträichen.

En propperen an professionellen Gesamtandrock, welchen oft an klengen Details leien kann ass mir bei menger Aarbecht ganz wichteg an gëtt vun mir ëmmer zum Schluss vun all Produktioun iwwerpréift.

Dir hutt eng Fro zu dëser Case Study oder hutt en änlechen Projet an sicht nach no engem passenden Fotograf? Mellt Iech gären mat Froen, Iddien oder Projete bei mir, ech freeën mech ären Projet fotografesch ze begleeden!

bottom of page