CASE STUDY: RETOUCHING
An dëser Case Study ginn ech méi no op en puer Praxis-Beispiller zum Thema "Retouching" an.
An dësem éischten Abschnitt weisen ech unhand vun enger Drohnenopnam en Vorher-Nachher Beispill vun enger Retouche vir en Optrag am Frankräich. D'Aufgab hei war et, dat schéint Vakanzenhaus souwuel mat der grousser Afaart wéi och mat der derhannert leiender Schwämm an senger grénger Ëmgéigend anzefänken an ze präsentéieren.
Vir dëss Aart vun Optrag plangen ech ëmmer am Viraus, winni déi bescht Luchtstëmmung wäert sinn an d'Sonn d'Gebai an seng Ëmgéigend optimal beliicht. Mat enger gudder Basis an enger RAW-Opnam hunn ech méi spéit an der Bildbeaarbechtung all Méiglechkeeten, d'Foto nach weiderhin ze optiméieren. Hei ginn ech ëmmer individuell op verschidden Elementer am Bild an an setzen Effekter an Upassungen ganz gezielt an. Zum Beispill hunn ech bei dësem Bild déi brong Téin vun der Fassade mat Hëllef vun individuellen Masken méi däitlech ervirgehuewen, vir den Charakter vum Haus erauszeschaffen an duerzestellen. D'Lavendelfeld wierkt vun uewen oft e bëssi gro, dowéinst hunn ech och dëst an senger Faarf an Sättegung erausgeschafft. Änleches gëllt vir d'Sonneliicht an déi weider Ëmgéigend. Wann sech stéierend Elementer am Bild befannen, déi sur place net ewech geholl oder ëmgestallt kënnen ginn, maachen ech och dëss an der finaler Version ewech. Méi dozou awer am nächsten Abschnitt.


Grad bei Immobilienfotoen huet een allerdéngs oft keen groussen Afloss op d'Ëmgéigend. Et kënnen Autoen virun der Immobil parken, Bauschëlder um Trottoir stoen oder Dreckskëschten an weider Elementer ronderëm den Site stoen. An esou engem Fall versichen ech d'Bild esou opzehuelen, dass ech nodréiglech all stéierend Elementer an der Bildbeaarbechtung ewech huelen kann, vir dat finaalt Bild méi roueg wierken loossen ze kënnen. Dobäi soll d'Gebai net verännert oder nei erfonnt ginn, mee nëmmen temporär Elementer déi um Bild stéieren ewech geholl ginn.






D'Bildbeaarbechtung ass an mengen Devisen ëmmer abegraff an gëtt och ëmmer mat Prezisioun vun mir selwer ausgeféiert. Mir ass et wichteg, d'Biller déi ech sur place ophuelen an der Nobeaarbechtung ze perfektionéieren, an mech ëm all d'Detailer am Bild ze këmmeren vir esou mengem Client zum Schluss vun all Produktioun en qualitativ héichwäertegt Endresultat ze iwwerginn.
Dir hutt eng Fro zu dëser Case Study oder hutt en änlechen Projet an sicht nach no engem passenden Fotograf? Mellt Iech gären mat Froen, Iddien oder Projete bei mir, ech freeën mech Ären Projet fotografesch ze begleeden!