CASE STUDY: PROJET-BEGLEEDUNG


An dëser Case Study ginn ech mei no op en Praxis-Beispill zum Thema "Projet-Begleedung" an.
Vir e Projet am Optrag vun HLG Ingénieurs-Conseils, AGORA a weideren Bedeelegten, hunn ech 2021 déi éischt 2 Phasen vum Bauprojet "Sinterbecken" zu Esch Belval fotograféiert. Aus den zwee Killbasengen vun der fréiherer Sinteranlag gëtt eng ganz nei Sinterbeckenplaaz gebaut an soll dowéinst virum Ëmbau an verschiddenen Phasen an Progrèse fotografesch festgehalen an dokumentéiert ginn.
Bei dësem Job war et mengem Client immens wichteg, dass d'Biller, déi an der éischter Phase vun mir opgeholl goufen, och an der zweeter Bauphase kompositoresch nach eng Kéier genau d'selwecht opgeholl ginn, vir méi spéit en kloëren Verglach vun deenen zwou Bauphasen ze hunn. Vir dësen Verglach nach méi däitlech ze maachen, hunn ech och déi zwou Projet-Phasen an ënnerschiddlechen Looks beaarbecht.




Déi éischt Projet-Phase war nach an engem bal onbeaarbechten Zoustand. D'Natur, d'Planzen an d'Beem, wei och d'Waasser an den Becken war nach iwwerall vertrueden an d'Fotoen konnten nëmmen ënner Opsiicht op deem soss gespaarten Site erstallt ginn.
Nodeems ech all wichteg Perspektiven an ënnerschiddlech Varianten fotograféiert hat, hunn ech eng Galerie mat enger Auswahl vun den beschten Fotoen erstallt an hunn mengem Client déi läscht Auswahl vun den finalen Motiver iwwerlooss. No der endgülteger Auswahl, hunn ech dann en passenden Look vir déi éischt Phase kreéiert an dësen mat mengem Client beschwat, ier ech déi restlech Motiver am selwechten Look beaarbecht hunn.
D'Fotoen vun der zweeter Phase hunn ech dann genau sou wei déi aus der éischter Phase ausgewielten Biller opgeholl, hunn dëss dann awer uschléissend an engem neien Look beaarbecht, deen zu deem frësch gebotzten Chantier passt an am Kontrast zum éischten Look steet.


Vir mech ass all Projet eenzegaarteg an gëtt dowéinst och ëmmer individuell vun mir mat mengem Client besprach, geplangt an ëmgesat. Mir ass et wichteg, dass mäin Client d'Méiglechkeet kritt, déi final Biller selwer auszesichen an soumat zum Schluss och genau déi Biller kritt, wou gebraucht ginn vir den Projet uschléissend vollstänneg an héischwäerteg präsentéieren ze kënnen.
(Natierlech kann ech awer och eng Propose mat enger finaler Auswahl maachen, wann emol keng Zäit vir eng eegen Auswahl sollt sinn.)

