CASE STUDY: SPEZIELL CHALLENGE






An dëser Case Study ginn ech méi no op en Praxis-Beispill zum Thema "Speziell Challenge" an.
Vir den Architektebüro "Bureau d'Architectes Teisen-Giesler Sàrl" hunn ech 2022 en ganz speziellen Optrag fotograféiert an ëmgesat.
D'Architekten, Archeologen an d'Gemeng, wou all an den Projet involvéiert waren, hunn Fotoopnamen vum Grondrëss an der Scheier vum Uespelter Schlass gebraucht.
Hei goufen wichteg archeologesch Ausgruewungen erschafft an sollten dann realitéitstrei fotografesch festgehalen ginn, ier den Bauprojet an déi nächst Phase goen konnt.
Op d'Fro hin, ob een dësen Projet mat enger Drohne fotograféieren kéint, hunn mir eis zesummen vir en Briefing sur place getraff. Nodeems ech mir selwer en Bild vun der Scheier an den Dimensiounen maachen konnt, hunn mir eis géint d'Schaffen mat enger Drohne entscheet, well dëss Opnamen mat der ganz geréngen Luucht sur place ze donkel an ze ongläichméisseg beliicht wierken géingen. Et war séier kloer, dass dëss Aufgab nëmmen geléist konnt ginn, andeems d'Fotoen mat enger Kamera an mobillen Studioblëtzer direkt vun uewen erof opgeholl géingen ginn. Sou huet mäin Client eng kleng Plattform uewen direkt ënnert dem Dach maachen gelooss, sou dass ech vun do aus d'Fotoen maachen konnt.



Well den Grondrëss vun der Scheier allerdéngs extrem grouss war, war et net méiglech, den gesamten Ënnergrond op enger eenzeler Foto anzefänken. Vir dësen Problem ze léisen, hunn ech den Grondrëss an verschidden Deeler agedeelt an op verschiddenen Fotoen festgehalen. Déi final Foto hunn ech dann nodréiglech iwwert Capture One an Photoshop unhand vun 12 verschiddenen Opnamen zesummengebaut.




Vir déi final Foto zesummensetzen ze kennen hunn ech als éischt 4 ënnerschiddlech Sträifen vum Grondrëss aus jeeweils 3 verschiddenen Opnamen zesummengesaat. Dëss 4 Sträifen (Deeler vum Grondrëss) hunn ech dann méi spéit erëm als endgültegt Bild zesummengesaat, wéi een et an der hei duergestallter Preview grob erkennen kann.
No dem Zesummensetzen vun den eenzelen Opnamen hunn ech och d'Perspektiv nach emol ugepasst an uschléissend d'Bild vollstänneg retuschéiert. Obwuel d'Scheier iwwerall zou war, sinn ëmmer erëm Dauwen an d'Scheier erakomm, den Grondrëss huet also missen nodréiglech um Computer gebotzt an vum Dauwendreck befreit ginn. Och e puer Kabelen konnten sur place net ewech geholl ginn an goufen dowéinst och nodréiglech an der Retouche vun mir ewech geholl.



Vir den Grondrëss an déi wichteg archeologesch Details héichwäerteg an kloer erkennbar duerstellen ze kënnen hunn ech 4 mobil Blëtzluuchten un der Holzkonstruktioun uewen ënnert dem Dach befestegt, welch ech dann iwwert meng Fotoblëtz-App aus der Distanz steieren an upassen konnt. Sou gouf den Grundrëss gläichméisseg beliicht an och déi méi déif leiend Details goufen op der Opnam erkennbar. D'Blëtzer konnt ech mat Hëllef vun Klettergurt an anerem Klettermaterial an enger mobiller Leeder sécher ubréngen an speziell vir dëss Grundrëss-Foto ausriichten.




En spannenden Projet mat enger besonnescher Challenge!
Dir hutt eng Fro zu dëser Case Study oder hutt en änlechen Projet an sicht nach no engem passenden Fotograf? Mellt Iech gären mat Froen, Iddien oder Projets bei mir, ech freeën mech op Är nächst Challenge!