top of page
Word Mark_Jessie_Photo_2022_BLK_F.png
Search

Wat vir een schéinen Dag!🤩 Merci un jiddereen deen laanscht komm an meng Fotoen kucken komm ass! Ech konnt em déi 100 Frënn, Bekannter an Fotografie-Begeeschterter begréissen, dëst bedeit mir immens vill grad bei menger éischter Eenzelausstellung. An vir all déi, déi um Dag vum Vernissage net konnten derbäi sinn; d'Ausstellung bléift nach bis den 1. Oktober op!😍🥰 Sot mir gären Bescheed, wann dir wëllt kucken kommen, dann kommen ech bis laanscht an begleeden Iech duerch d'Ausstellung!☀️😊📸

Merci un jiddereen, deen dësen besonneschen Dag méiglech gemaach huet an en ganz groussen Merci natierlech un d'Gemeng Suessem an un d'FLPA!🫶🏼💯

D'Fotoen an dësem Beitrag sinn engersäits vun der Gemeng Suessem an anerersäits vum Jean-Claude Adler fotograféiert ginn. 1-2 Fotoen hunn ech och nach vun mengem klengen Art-Market derbäi gesaat📸😁


Et ass esou wäit!😍 Ech hunn meng éischt eegen Eenzelausstellung!

Ech lueden Iech dowéinst häerzlech zu mengem Vernissage vun menger Fräiloft-Ausstellung "Trust The Process" den 07. Juli 2023 zu Suessem (Lëtzebuerg) am Park Backes an, vir mat mir zesummen ze feieren!🥳📸

Vir Snacks an Gedrénks ass och gesuergt!☀️🥂

En groussen Merci elo schonns un d'FLPA an un d'Gemeng Suessem, dass ech dëst Joer an dësem wonnerschéinen Parc ausstellen dierf! Ech freeën mech immens op d'Ausstellung an jiddereen wou kucken kënnt!🥰


Writer: Jessie Lang
Jessie Lang
May 29, 2023

Och am Mai 2023 sinn ech erëm zesummen mam Fotograf MOJA / Absolute Blue an dem restlechen Team op den Festival de Cannes a Frankräich gereest🤩📸

Wärend den 12 Deeg vun den internationalen Filmfestspiller zu Cannes war ech d'Fotografin vir d'Priceless Mastercard Terrasse an hunn wärend dem Cocktail d'Porträits vun allen Mastercard-Guests gemaach, ier se dono direkt iwwert den bekannten rouden Teppech gaangen sinn☀️❤️📽

Nieft den Porträits vun den Mastercard-Guests hunn ech awer och vir den Fotograf MOJA an sengem extra vir den Festival opgebauten Studio zu Cannes assistéiert, wéi och dem chineeseschen Fotograf Sails Chong bei sengen Außenshootings an sengen Shootings am Studio MOJA!🤩😍


bottom of page