top of page
Word Mark_Jessie_Photo_2022_BLK_F.png
Search
Writer: Jessie Lang
Jessie Lang
Dec 31, 2022

Säit 2022 schaffen ech als fräiberufflech Retouch-Assistentin am Team vum Jan Wischermann, High-End Retoucher aus Düsseldorf. Säitdeem ënnerstëtzen ech hien reegelméisseg bei sengen High-End Beauty/Hair-, Fashion- & Commercial-Projets an schaffen enk mat him zesummen un groussen Retusche-Opträg 💯🫶🏼


Writer: Jessie Lang
Jessie Lang
Oct 1, 2022

Am Oktober 2022 hunn ech dierfen beim Jean-Claude Majerus Invité an senger Ausgab "Sot emol" am Radio 100,7 sinn! 🥳😍

Mir hunn zesummen iwwert meng Studienzäit, mäin Liewen als Fotografin an verschidden Foto-Jobs an Foto-Course geschwat.

Wéi ech zur Fotografie komm sinn an wat mech bis haut un dësem Beruff esou faszinéiert, gëtt et alles an dësem 1-stonnegen Interview ze lauschteren! Den Interview kënnt dir Iech gären ënnert folgendem Link ulauschteren!

Nieft dem Interview gëtt et do op der Säit vum Radio 100,7 och en Artikel mat e puer Ausschnëtter vun mengen Äntwerten ze entdecken😁📸

Vill Spaass beim Lauschteren!🎶


Haut hunn ech um Vernissage vun der ARC-Gruppen-Ausstellung an der Galerie "A Spiren" zu Stroossen deelgeholl🥰 D'Ausstellung leeft nach vum 23.09.22 - 09.10.22 an et ginn vill flott Konschtwierker ze gesinn!💯


bottom of page