top of page
Word Mark_Jessie_Photo_2022_BLK_F.png
Search

E Freiden war den Vernissage vun der Gruppen-Ausstellung vum ARC Kënschtlerkrees zu Tréier an Däitschland!🤩 Ech hunn hei och mat 4 Drohnen-Fotoen mat gemaach an soen allen Gäscht Merci, déi eis um Vernissage besichen komm sinn an och deenen, déi sech d'Expo nach an Zukunft ukucken ginn!🥰☀️D'Ausstellung bleift nach bis zum 12.06.222 op!🫶🏼


"Sicily, Women and Cinema": Eng Rees bei deier den Kino, d'Fraen an d'Wonner vun Sizilien am Mëttelpunkt stinn; fotograféiert duerch d'Lëns vum Fotograf MOJA.

Am Abrëll 2022 hunn ech vir den Moudefotograf MOJA als Head of Lighting bei sengem groussen Fotoprojet an Sizilien assistéiert an als Luchtassistent eng Grupp vun 3 weideren Assistenten geleet an mat dem restlechen Team vun 30 Leit wärend 12 Deeg zesummen geschafft!😍📸

An dësem speziellen Projet, deen am Mai 2022 um Festival de Cannes an Frankräich präsentéiert gëtt, setzt MOJA déi weiblech Figuren aus 12 Filmen an eng staark Positioun, erzielt hier Säit vun der Geschicht, verléit hinnen Muecht an notzt den Lieu als erzielerescht Element, wou an Iwwereenstëmmung mat der Geschicht ausgewielt gëtt. Hien verwandelt si doduerch fotografesch vum Objet zum Sujet.

En spannenden Projet! D'Resultater vum Fotograf MOJA kënnt dir op senger Website kucken!


  • Writer: Jessie Lang
    Jessie Lang
  • Apr 8, 2022

Haut um 8. Abrëll 2022 ass den Vernissage vun der ARC-Gruppenausstellung am Musée d'Histoires Diekirch!☀️ D'Thema vir dëss Ausstellung sinn dëst Kéier "Brëller"🤓👓 Passend dozou hunn ech 3 nei Fotoen gemaach an zesummen als Serie bei der Ausstellung präsentéiert. D'Ausstellung ass nach bis den 1. Mai op!🫶🏼😁


bottom of page