top of page
Word Mark_Jessie_Photo_2022_BLK_F.png
Search

Fotografie- an Photoshopcoursen

Writer: Jessie LangJessie Lang

Wëssen un Anerer weider ginn? Ma sécher!🤓🥳

Ganz gären schaffen ech mat aneren Fotografie-Interesséierten Léit zesummen an hëllefen bei Froen an Challenges weider. Et gëtt mëttlerweil ëmmer méi Gruppencoursen an Erklär-Videoen iwwert verschidden Themen am Internet, dëst sinn oft immens hëllefräich, kënnen awer och séier zu Verwirrung féieren, wann dat néidegt Basiswëssen feelt an esou an enger stonnelaanger Verzweiflung enden👾

Ech kënnen dësen Problem nëmmen allzegut, genau esou hunn ech nämlech och ugefaangen ze léieren an weess duerch eegen individuell Coachings, wéi dëss een virunbrengen, well se genau op een zougeschnidden ginn an een op sengem aktuellen Wëssensstand oofhuelen. Dowéinst hunn ech no e puer fräien Workshops vir aner Fotografie-Fans entscheet privat Coursen vir Photoshop an Fotografie unzebidden.


Den Inhalt vum Cours gëtt ëmmer individuell erstallt an soumat genau op Är Wënsch ugepasst. Den Cours ass soumat also vir Ufänger geduecht, déi sech als éischt emol an Rouh den Programm an seng Logik erklären loossen wëllen, wéi och vir schonns méi Fortgeschrëttener, déi eng speziell Technik oder en speziellt Themegebitt léieren wëllen. Dëst kann z.B. d'Thema "Beauty-Retusche", "Dodge and Burn", "Schaffen mam Grafik-Tablet" oder z.B. "Composing vun verschiddenen Opnamen" sinn.


Nieft den Bildbeaarbechtungs-Coursen bidden ech och Fotografie Grondcoursen vir Ufänger un, bei deem ech souwuel op déi theoretesch Grondlagen, wéi och op déi praktesch Ëmsetzung aginn an Iech dëst erklären an bäibréngen. Eng eegen Kamera ass bei dësem Cours net onbedéngt néideg, ech kann Iech vir den Cours och gären eng Spigelreflex-Kamera matbréngen an ausléinen.


Interessi un engem privaten Cours? An dësem PDF fannt dir all d'Informatiounen zu den verschiddenen Packages an Präiser📖🖋



Recent Posts

See All

Vernissage - FuelBox IX Ausstellung

Wow! Ech hunn dierfe vir déi éischte Kéier als Foto-Künstlerin bei der grousser FuelBox-Ausstellung mat derbäi sinn🤩 De Vernissage haut...

ARC Ausstellung | H2O "Am Flow"

Eise Kënschtlerkrees ARC feiert Gebuertsdag!🎂🎈Zum 65. Jubiläum stellen ech zesumme mat weideren ARC-Memberen de 17.10.2024 am H2O zu...

Comments


bottom of page