- Jessie Lang
- Nov 30, 2021
- 1 min read
Updated: Aug 31, 2023
Am November 2021 sinn ech déi éischte Kéier mam Fotograf MOJA an sengem Team an d'Ausland op Kigali, Ruanda gereest. MOJA / Absolute Blue organiséieren do den Event "Trophées Francophones du Cinéma". Ech hunn do wärend der Opnam als Fotografin geschafft an hunn d'Fotoen vum Event gemaach, déi vir d'Website an Social Media vum Event genotzt ginn📸
Wärend der Zäit an Ruanda huet den Fotograf MOJA och en Shooting organiséiert. D'Fotoen vir dësen Projet goufen souwuel digital wei och analog opgeholl. D'Resultater kënnen op der Homepage vum Fotograf MOJA gekuckt ginn.
Nieft den Shooting-Deeg vir dësen Projet huet den Fotograf MOJA och nach eng Foto bei Nuecht um Kivu-Lake fotograféiert. Ech hunn bei dësen Projets als Luucht-Assistentin enk mam Fotograf zesummen geschafft.
Den Backstage Video vum spontanen Shooting um Kivu-Lake kënnt dir iwwert folgenden Link kucken ➡️ https://www.youtube.com/watch?v=6YqajVXprkc
Comments