- Jessie Lang
- Oct 16, 2024
- 1 min read
Wei et sech bei enger FuelBox Ausstellung gehéiert, hunn ech mäi Raum natierlech selwer ugestrach an nei designed. Un der grousser Mauer weisen ech ënnert anerem meng ganz nei Serie mam Titel "Happy Camera" souwéi verschidden (selwer ugeschrauften an ugestrachenen😉) Holz-Këschte mat verschiddenen Foto-Prints📸 Un der Mauer vis-à-vis weisen ech meng Serie "An der Grenze zu" vir de Raum ze vervollstännegen🙌🏼 Weider kleng Infoe wéi QR-Code, Broschüren an Erklärunge sinn och als Ergänzung am Raum ze fannen🔎 Wat vir eng mega Erfarung eng sou speziell Ausstellung virzebereeden a mat villen weidere Kënschtler zesummen eppes Grousses a Kreatives ze schafen! Merci dass ech hunn dierfen derbäi sinn🫶🏼🎨
Comments