top of page
Word Mark_Jessie_Photo_2022_BLK_F.png
Search

Wei et sech bei enger FuelBox Ausstellung gehéiert, hunn ech mäi Raum natierlech selwer ugestrach an nei designed. Un der grousser Mauer weisen ech ënnert anerem meng ganz nei Serie mam Titel "Happy Camera" souwéi verschidden (selwer ugeschrauften an ugestrachenen😉) Holz-Këschte mat verschiddenen Foto-Prints📸 Un der Mauer vis-à-vis weisen ech meng Serie "An der Grenze zu" vir de Raum ze vervollstännegen🙌🏼 Weider kleng Infoe wéi QR-Code, Broschüren an Erklärunge sinn och als Ergänzung am Raum ze fannen🔎 Wat vir eng mega Erfarung eng sou speziell Ausstellung virzebereeden a mat villen weidere Kënschtler zesummen eppes Grousses a Kreatives ze schafen! Merci dass ech hunn dierfen derbäi sinn🫶🏼🎨



  • Writer: Jessie Lang
    Jessie Lang
  • May 25, 2024

Meng 3te Kéier Festival de Cannes!😍 Et war mol erëm eng eenzeg Aventure, gefëllt mat laangen Aarbechtsdeeg, immens villen Erliefnisser an enger immenser Zäit zesumme mam ganzen Team! Villmools Merci u jidderee vir dës 2 onvergiesslech Wochen zu Cannes!🫶🏼📸 Op dat nächst Joer!😉



  • Writer: Jessie Lang
    Jessie Lang
  • Apr 10, 2024

Zësummen mat den Molerinnen Chantal Blasen an Dany Blasen freeën ech mech Iech op eisen Vernissage e Samsden, den 20. Abrëll 2024 vun 16:00-18:00 anzelueden! D'Ausstellung hänkt am REWA-Résidence op der Waassertrap zu Bieles. Mir freeën eis op Ären Besuch!🥰☀️

Och noom Vernissage ass d'Ausstellung bis zum 15. September 2024 all Dag vun 14:00-18:00 op🙌🏼☺️


ree

bottom of page