top of page
Word Mark_Jessie_Photo_2022_BLK_F.png
Search

Haut hunn ech dierfen bei der Table Ronde "Trau Dech!" vun der Gemeng Suessem deelhuelen😁 Zesummen mat aneren staarken Fraen hunn mir iwwert d'Selbststännegkeet, d'Konscht an aner spannend Projets virun Publikum diskutéiert. Zousätzlech zu der Diskussioun, goufen och kleng Ausstellungen organiséiert an gewisen. Den Erléis vun den verkaaften Wierker ass dobäi komplett un d'Organisatioun "Ukraïnka asbl" gaangen! 🫶🏼💯


  • Writer: Jessie Lang
    Jessie Lang
  • Nov 30, 2021

Am November 2021 sinn ech déi éischte Kéier mam Fotograf MOJA an sengem Team an d'Ausland op Kigali, Ruanda gereest. MOJA / Absolute Blue organiséieren do den Event "Trophées Francophones du Cinéma". Ech hunn do wärend der Opnam als Fotografin geschafft an hunn d'Fotoen vum Event gemaach, déi vir d'Website an Social Media vum Event genotzt ginn📸


Wärend der Zäit an Ruanda huet den Fotograf MOJA och en Shooting organiséiert. D'Fotoen vir dësen Projet goufen souwuel digital wei och analog opgeholl. D'Resultater kënnen op der Homepage vum Fotograf MOJA gekuckt ginn.

Nieft den Shooting-Deeg vir dësen Projet huet den Fotograf MOJA och nach eng Foto bei Nuecht um Kivu-Lake fotograféiert. Ech hunn bei dësen Projets als Luucht-Assistentin enk mam Fotograf zesummen geschafft.

Den Backstage Video vum spontanen Shooting um Kivu-Lake kënnt dir iwwert folgenden Link kucken ➡️ https://www.youtube.com/watch?v=6YqajVXprkc





Meng éischt Ausstellung an Vernissage mam ARC-Kënschtlerkrees!😍 Wéi schéin, dass ech direkt an der schéiner Ruth Gallery zu Mondorf am Casino 2000 mat aneren flotten Kënschtler ausstellen kann🫶🏼 D'Ausstellung ass vum 11. September bis zum 10. Oktober op, kommt bis laanscht kucken!🥰💯


bottom of page